Internetsite fir Gemengen
vun e-connect

Dir sidd ob der Sich no engem kompletten Internetsite, um leschte Stand vun der Technik deen onkomplizéiert ze géréieren ass? Mir developpéieren individuell Gemengen Internetsiten an hëllefen Iech d'Kommunikatioun mat äre Bierger ze vereinfachen.

Firwat den Internetsite fir Gemengen
fir Är Administration Communale ?

Dir profitéiert vum Knowhow vun enger qualifizéierter a professioneller Equipe, mat méi wéi 19 Joer Erfahrung um Lëtzebuerger Marché.

Mir proposéieren Iech eng komplett Léisung mat personaliséierte Maquetten, engem modernen CMS, dem Hosting an dem Domaine Numm, déi all Är Erwaardungen iwwertreffe wäert.

Dir steigert Är Visibilitéit mat engem fir Smartphonen an Tabletten adaptéierten Internet Site deen ausserdeem fir Sichmaschinnen optimiséiert ass.

Individuell Internetsiten fir Gemengen:

Responsive web design

Ärer graphescher Charta ugepassten, individuellen Design deen sech perfekt op Tabletten a Smartphonen upasst.

CMS & Modullen

Quilium CMS, en ergonomeschen a  modulabelen Content-Management-System deen Iech d’Méiglechkeet gëtt Äre Site komplett an onkomplizéiert ze administréieren. Eng Formatioun fir d’Utilisatioun vum CMS ass och an onser Offer mat dran.

Google optimiséiert

En CMS dee fir Sichmaschinnen optimiséiert ass an Äert Refenrenzement positiv beaflosst. Zousätzlech installéiere mir Iech e “Google Analytics” Konto fir d’Verhale vun Äre Visiteuren an d’Statistiken ze analyséieren.

Hosting & Sécherheet

Mir këmmeren eis em den Hebergement vun Ärem Internetsite, em Är E-mail Konten an Ären Domaine Numm. All eis Programmer an technesch Infrastrukture gi permanent iwwerwaacht a regelméisseg à jour gesat.

Service & Support

Mir garantéieren de Fonctionnement vun ärem CMS, stinn Iech mat Rot an Dot zur Säit, an dat och a lëtzebuergescher Sprooch.

An nach vill méi...

Mise en conformité GDPR, Réservatioun vun Säll, Inscriptioun a Coursen, Newsletter System, Intégratioun vun Social Média Kanäl, méisproocheg Säiten, Frontend Editor, Rechteverwaltung, Verëffentlechungsofleef, …

 

Wëllt Dir eng perséinlech Demonstratioun
vun eiser Solutioun ?

Referenzen a Beispiller

Schuttrange

Realisatioun vum néien Internetsite fir d'Schëtter Gemeng (2019).

logo-steinfort

Realisatioun vum Internetsite fir d'Gemeng Stengefort. Kreatioun vun Landing Pages fir de Centre sportif an d'Maison Relais.

Mersch

Realisatioun vum néien Internetsite fir d'Gemeng Miersch.

Stadtbredimus

Realisatioun vum Internetsite fir d'Gemeng Stadtbredimus mat engem System fir d'Réservatioun vu Säll.

logo-wiltz

Technesch Refonte vum Content Management System vun der Gemeng WOLTZ, fir eng méi einfach Administratioun vum Site. SEO Optimisatioun vum Site an Opsetzen vun enger Google Adwords Campagne fir de Camping vun der Gemeng.

logo-syvicol

Realisatioun vum neien Internetsite fir de SYVICOL, de Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises. Presentatioun vun all Gemeng ob enger dediéierter Säit.

Logo Commune Berdorf

Realisatioun vum Internetsite fir d'Gemeng Baertrëff.

logo-sandweiler

Realisatioun vum Internetsite fir d'Gemeng Sandweiler. Kreatioun vun Landing Pages fir d'Crèche an d'Maison Relais.

logo-bertrange

Realisatioun vum rezenten Internetsite vun der Gemeng BARTRENG am Joer 2012. Kreatioun vum Logo, der Charte graphique an dem éischten Internetsite am Joer 2003. En néie Site ass en cours de production.

logo-erpeldange

Refonte vum Internetsite vun der Gemeng IERPELDENG am Joer 2015. Realisatioun vum Template fir den Envoi vun der Newsletter. D'Gemeng IERPELDENG ass en treie Client vun e-connect säit 2008.

logo-hobscheid

Refonte vum Internetsite vun der Gemeng HABSCHT am Joer 2013. Developpement vum dynamesche Formulaire fir d'Demande vun Zertifikaen.

logo-lcto

Realisatioun vum Projet LCTO, dem Luxembourg City Tourist Office am Joer 2013.

lft

Realisatioun vum Projet Visitluxembourg.com säit 2012.

logo-lesthermes

Kreatioun vum Internetsite an E-commerce Shop C.N.I. Les Thermes vum Syndicat Intercommunal vun de Gemengen Stroossen a Bartreng. Suivi a Monitoring vun de kommerziellen Aktiounen am Shop.

Fir wien ass de Gemengen Internetsite
vun e-connect?

Fir all Lëtzebuerger Gemengen, egal wéi vill Fläch oder wéi vill Awunner se huet.

Fir all Entitéiten déi vu Gemenge geréiert ginn wéi zum Beispill Kulturzenteren, Crèchen, Maison Relaisen, ...

Fir Interkommunal Syndikater wéi zum Beispill fir Piscinnen, Altersheimer, Recycling-Zenteren, ...